Traffik Theater | Actualité | Musek Erzielt | Archives | Liens | Contact

DÉI ELLE KLENG INT


Spectacle en langue luxembourgeoise

Hans Christian Andersen
Eng Geschicht iwwer Toleranz, Zesummenhalen a sech selwer fannen.
Fir Kanner vu 4 - 10 Joër


Déi elle kleng Int
Et hu matgeschafft
Biller
Datumer
Fiche Technique

Mat Schiedbiller erzielt vum Josette Feinen
Mat Live-Musek vum Michel Déru

An engem Intennascht klotert e klengt Déierchen aus sengem Ee. Et gesäit net aus wéi déi aner. A well et anescht ass, gëtt et vun allen ausgelaacht a gebass. Fir d'Intemamm ass et einfach hiert Kand. Si schützt an erzitt et, wéi et sech fir eng Mamm gehéiert. Awer och si erkennt net, datt an der ellener klenger Int e stolze Schwan stecht.
Do beschléisst déi couragéiert elle kleng Int fortzegoen.
Eng Zäitche lieft si bei den Inten, duerno bei enger aler Fra, déi mat hirem Kueder an hirem Hunn an enger Häip lieft. Wéi se och do net méi bleiwe kann, verstoppt se sech am Schilf a kuckt de wonnerschéine Schwanen no, déi iwwert si an de Süde fléien.
Mat vill Misär iwwersteet déi kleng Int den haarde Wanter. Wéi se am Fréijoer bei e Séi an engem grousse Gaart kënnt, gesäit se am Waasser hiert.
Spigelbild: Si ass e wonnerschéine Schwan, de vun deenen anerer Schwane voll Léift an hirer Mëtt opgeholl gëtt.

 


Et hu matgeschafft

Konzept: Josette Feinen (>> CV), Dan Tanson (>> CV)
Regie: Dan Tanson
Spill und Erzielung: Josette Feinen
Musek: Michel Déru
Bühn an Objekte: Josette Feinen
Textiwwersetzung: Josette Feinen
Produktion: Chantier Mobile asbl


Biller

 
Déi elle kleng Int
  Déi elle kleng Int  
Déi elle kleng Int
  Déi elle kleng Int   Déi elle kleng Int
                   



Datumer

04 Februar 2009, 10h00, 14h10, Spillschoul Mamer
05 Februar 2009, 9h00, 10h00, Spillschoul Mamer
09 Februar 2009, 10h00, Spillschoul Remerschen
11 Februar 2009, 10h00, Spillschoul Bouneweg (rue du Verger)
13 Februar 2009, 10h00, 11h00, 14h10, Spillschoul Walfer
09 Mäerz 2009, 11h00 Spillschoul Kehlen
11/17 Mäerz 2009, 10h00, 11h00, Spillschoul Mäertert/Wasserbëlleg (à confirmer)
08/15/22 Mäerz 2009, 11h00, 14h10, Spillschoul Dippach (à confirmer)



Fiche Technique

Dauer vum Theaterstéck: 35 min
Bühnefläch: 4 x 2 m
Unzuel Kanner/Publikum: +/- 50

Fir eisst Stéck kënnen ze spillen, brauche mer:
- 1 eidele Sall (genre: Schoulsall, Rhytmikssall, klengen Turnsall), deen een e besse verdonkele kann.
- normal héijhen Dësch. Dimensioun: 80 x 140 cm (et kënnen och 2 Dëscher beieneen gestallt ginn).
- 2 Still
- 2 Stéckeren mat 220 Volt Stroum.

Opriichten: 1 Stonn
Oofriichten: ½ Stonn

Mir wären frou wann den Organisateur fir folgendes suerge kann:
- Still, Bänken oder Turnmatten wou d'Kanner drop setzten (fir +/-50 Kanner) kënne vun iech (oder dem Concierge/Gemengepersonal) opgestallt ginn.
- Kaffi, e besse Waaser an en Uebststéck oder e Kichelchen maachen ëmmer Freed.